Jim James
Den Jim James vun My Morning Jacket ass lo solo ënnerwee

15 Joer huet den Jim James mat senger Band My Morning Jacket zesumme geschafft, 6 Studioalben hunn si eraus bruecht a vill erlieft,.... mee lo war et anscheinend fir den Jim James un der Zäit, säin eegene musikalesche Wee ze fannen, ouni dobäi Kompromësser anzegoen. Bei My Morning Jacket huet den Jim weder Bass nach Keyboard gespillt... lo hat hien Loscht, alles ze probéieren, an huet dofir ee Soloalbum gemaach. "Regions of Light and Sound of God", soll dat fäerdegt Wierk heeschen an de 5. Februar eraus kommen. Och eng Singleauskopplung gëtt et schonn: "Know Til Now".

