Of Monsters and Men, staark live!
Et ass zwar schonn eng Zäitchen hier, ma ech fannen et impressionant. Little Talks Live
Et ass zwar schonn eng Zäitchen hier, ma ech fannen et impressionant. Little Talks Live
4. Concerte wäert d'Band ëm de Campino an Argentinien spillen...
... passend dozou hu si puer Songs op Spuenesch agespillt:Et muss ee wuel e bësse vill verréckt ausgesinn fir op der Loftguitar WM deelzehuelen.
Ech loosse meng Hoer lo vläit och esou laang wuessen a kann da mat Chance a 4 Joer och un der WM deelhuelen.D'Fousballfannen vum belsche Vizemeeschter FC Brügge hunn et virgemaach, d'Fans vu Bayern München setzen elo no.
Dem Lykke Li säin Hit "I follow Rivers" ass de neie Renner bei de Fußball Fans:
Haut ass de 17. Mäerz an traditionell kleede sech ganz vill Leit haut greng, mae net nemmen dat...

Den Chicago River op St. Patrick's Day
Op der ganzer Welt gëtt et um Dag vun haut eng Rëtsch Traditiounen.
Um 17. Mäerz gëtt dem Ireschen Hellegen Patrick geduecht deen op engem 17. Mäerz 400 an eppes verstuerwen ass.
Op ganz ville Plazen an der ganzer Welt gëtt haut gefeiert an et dominéiert definitiv d Faarf Gréng.
Esou gëtt et och an den USA, op de Parade, gäre mol grénge Béier verkaf an ganz intressant, wei ech fannen, den Chicago River gëtt op St. Patrick's Day mat Faarfstoffer gréng gefierft.
An och ech hu mir et haut net huele gelooss fir a gréng an de Studio ze kommen :)
