Dem Laurent säi Blog

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »

Firwat et kéng wäiss Chrëschtdeeg ginn!

19.12.2013, 15:04 - Fir d'lescht aktualiséiert: 19.12.2013, 15:16

De Wonsch vu villen ass vill Schnéi op de Feierdeeg. E Wonsch dee nëmmen ganz Seelen an Erfëllung geet.

Et gëtt e Phänomen dee mécht, dass et an der Period tëscht dem 24. an dem 29. Dezember ëmmer fir d'Joereszäit ze Waarm ass. Tëscht deenen 2 Datumen stréimt waarm Mier Loft aus dem Südwesten an Mëtteleuropa. Déi Loft bréngt Reen a Waarm Temperaturen mat sech. D'Warscheinlechkeet, dass dee Schnéi dee virun de Chrëschtdeeg gefall ass schmëlzt, ass méi grouss wéi dass neien fält.
Wann et virdrun och nach gutt Naass a Kal war, da kann et souguer och zu Héichwaasser an Iwwerschwemmungen kommen. Dat läit drun well d'Waasser net an de Gefruerenen Buedem sickere kann.
Wat nach ka sinn ass dass Glëtz oder Knëppelsteng falen.

D'Chrëschtdeeg falen einfach schlecht. 

Trotzdem schéin Feierdeeg.

Gestresst, Generft? Ech Entfrusten Iech!

02.12.2013, 14:11

Et geet eben net ëmmer sou wei een dat selwer well. Do ass et dach schéin ze wëssen dass anerer fir een do sinn. Sou wei den Eldo Feierowend.

Et ginn Deeg ob der Schaff do leeft et einfach net sou wei et soll. Oder wei ee sech dat virstellt. Et kennt fir dass een eppes Vergësst, et kennt awer och fir, dass een eppes falsch mécht. Meeschtens ass dann Ierger virprogramméiert. Grad dann, wann de Feeler d’Firma och nach vill Geld kascht. Och doheem ginn engem d’Kanner villäicht ob d’Schlappen an et ass een amfong frou wann d’Schoul nees un ass. Ech kann all de gestressten, enttäuschten generften hëllefen mat hirem eegenen Entfrust song. Dee gëtt et lo ëmmer Méindes, Mëttwochs a Freides zu ënnerschiddleche Zäiten am Eldo Feierowend. Also wann Dir haut e richtegen Schmuddelegen Dag hat, deelt mer et mat. Simst mer "Entfruster" ob de 60336 a gläich leeft jo villaicht äre Wonschsong.

 

Den Eldo entfruster. Lo ëmmer Méindes, Mëttwochs a Freides bei mir am Feierowend

Eng Wett fir 1 Dollar

13.03.2013, 14:09 - Fir d'lescht aktualiséiert: 13.03.2013, 17:23

E Grupp un Teenager wollten dass e Kolleg fir 1 Dollar an e Pull sprengt. Dëse hellt d'Wett un.

© afp

Wat géingt der fir 1 Euro maachen? Sou als Wett. Net allze vill wahrscheinlech. De Lakeem huet dat och geduecht. A wei en vu sengen Kollegen opgefuerdert gouf fir 1 Dollar an e Pull ze sprangen huet dëse kuerzer Hand d’Wett ugeholl. Wat awer kee Wosst, ass de Pull méi Déif war wei ugeholl. De Jong ass gesprongen a quasi komplett am Pull ënnergaangen. Bei äisegen Temperaturen an enger ¾ Box eng kal Geschicht. D’Kollegen haten hiren Spaass. Um Enn krut de Jong säin Dollar. An huet dann hoffentlech och eppes draus geleiert.

 

Kuckt de Video:

Bal am Pull ersoff

Dei nei Synthie pop Senastioun!

30.01.2013, 13:16 - Fir d'lescht aktualiséiert: 30.01.2013, 13:34

Jutty Ranx - i see you

Jutty Ranx verbreeden matt hierem mix aus Dubstep an den 80er richteg gudd Laun. Den Amerikaner Justin Taylor an dem Finn Jakko Manninen maachen alles selwer. An huet duerch laangt an intensiivt schaffen am Hierscht eng Single erausbruecht, déi elo endlech um duerchstarten ass.
De Video hunn déi 2 iwwregens an eegen Regie creéiert. Genee wei de ganzen Rescht un hirer Musek.


Kuckt hei de Video

Jutty Ranx - I see you

Happy B-Day Lego

28.01.2013, 12:16 - Fir d'lescht aktualiséiert: 28.01.2013, 12:21

Déi kleng faarweg Steng hunn all Grond ze féieren. Zanter et se gëtt motivéiert Lego ëmmer rëm läit dozou nei Rekorder ob ze stellen.

Haut feiert Lego Gebuertsdag. Virun 55 Joer huet déi Dänesch Societéit deen éischten Legos-steen zum Patent ugemellt. An zanter et Lego gëtt, hun ëmmer rëm lait probéiert Rekorder domat ob ze stellen. De 25 August 1980 gouf deen éischten Legosturm gebaut. Matt 100.000 Steng an enger heischt vun 13.1m en éischten Weltrekord. Peanuts géint dat wat tëscht dem 5 an 9 September zu Prag erbaut gouf. Matt 450.000 Steng ass den Tuerm 32.5 m héich.

 

Kuckt de Video:

Lego-Rekord zu Prag

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »