Mee: De Fussballmount a Groussbritannien
De Mount ass nach net eriwwer an trotzdem ass schonn eng jett geschitt an der Britescher Fussballszeen. London Calling mescht den Update!

De Mee ass vir Fussballfans e wichtege Mount, ginn dach souwuel d’Europa League wéi och d’Champions League Finalen dëse Mount gespillt an déi éischt Rumeuren iwwert Transferten fänken un. Dat ass och hei op der Insel net aneschters, an dach muss een soen, dass obwuel de Mee nach guernet eriwwer ass, et sech elo schonn ëm een vun de wichtegste Méint an der britescher Fussballsgeschicht säit laangem handelt.
Lauschtert hei de Reportage:
Ugefangen domadder, dass de laangjäregen Manager vu Manchester United, den Alex Ferguson, virlescht Woch seng Demissioun bekannt ginn huet. Dass e Manager no enger Saison d’Handduch gehäit, ass jo näischt besonnesch, mee den Alex Ferguson huet Manchester United säit 1986 gemanaged an seng Mannschaft zu sëllechen Premier League an Champions League Victoiren gefouert.

Wéi wann dat net scho Schock genuch wier, esou huet sech och nach eng aner Gréisst aus dem britesche Fussball dozou entscheed mat senger Carrière opzehalen, nämlech den David Beckham. Och wann de Beckham technesch gesinn, guerkee Fussball méi héi a Groussbritannien spillt, esou zielt hien hei trotzdem nachemmer zu deene ganz Groussen. Et gëtt zeguer gemunkelt, dass hien elo vun der Queen zum Ritter geschloe wärt ginn, eng Éier, déi dem Alex Ferguson scho viru 14 Joer zoukomm ass.

Mä et sinn awer och méi erfreelech Nouvellen dëse Mount ginn. Esou huet zum Beispill de Londoner Club Chelsea, d’Europa League Final läschte Méindeg zu Amsterdam gewonnen. Domadder ass d’Chelsea deen éischte Club, deen souwuel den Europa League wéi och den Champions League Titel noeneen droen däerf. Wann och net all ze laang, well e Mëttwoch gëtt dann d’Champions League Final am Wembley Stadion hei zu London ausgedroen.

D’Briten, déi sech och haut nachemmer domadder brüsten, dass sie déi Däitsch am zweete Weltkrich geschloen hunn, verquëssen et net esou ganz, dass ausgerechent zwou däitsch Equipen bei hinnen ëm den Titel spille mussen. Ëmmerhinn huet Bayern München nach eng Rechnung mat de Briten op, mä op sie och effektiv gewannen, gesi mär wuel e Samsteg denowend.
Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter







