Dem Mike säi Blog

«<  1 / 2 / 3 / 4 > »

De Mike Check: Snowhall Amnéville

14.02.2013, 05:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 14.02.2013, 09:38

E Wanter ouni Schnéi ass wei Bouneschlupp ouni Bounen! An bekanntlech, wann dobaussen nët genuch Schnei läit, kann een och keen Ski fueren!

Mee do gëtt et eng Plaatz déi kennen dee Problem net, Amnéville! Oder méi genau: Snowhall Amnéville!

Villes krut ech driwwer erzielt, mä selwer war ech nach ni do, an och  op Skier stoung ech nach ni.

Mee domat soll elo Schluss sinn. Dir wësst ech ginn mer d'Saachen e bëssen méi genau ukucken, an wann et muss sinn och testen!

Also wat leit méi no, wei den 2. MIKE-CHECK an der Snowhaal ze
maachen!



Lount et sech, wei gesäit dat iwwerhaapt op esou enger Indoor-Skipist aus an wärt ech jeemools kapabel sinn op Skier ze stoen?

Froen iwwer Froen, an eng Äntwert fannt der hei.

Lauschtert hei de Reportage:

You need Flash to view this content



Kuckt hei de Video:




De Mike Check: Expo ABC

23.01.2013, 09:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 22.01.2013, 10:01

Hmmmm, muss ech dann emmer an d'Ausland reesen fir eppes Interessantes ze erliewen? Op keen Fall!!! Genau dat wärten mer Ierch weisen mam MIKE-CHECK!


Och eist Ländchen huet interessant Platzen, Persounen, Events...etc ze bidden. An genau déi, wëllen mer zesummen mat Iech entdecken an awer och kritesch ënnert d'Lupp huelen an testen.

Jiddwereen kann dobäi matmaachen an hëllefen! An dat geet ganz einfach:
einfach eng Mail op mikecheck@eldoradio.lu an eben dran schreiwen wou mer sollen hikommen an eventuell Interessantes testen oder entdecken sollen!

Sou genuch geschwat, fueren mer lass.



Lo stellt sech natierlech d'Fro, wei fänken ech esou eppes un? Majo den Stater Geschichtsmusée huet nach bis den 31 Mäerz 2013 eng interessant Expo iwwert eist Land mam Numm ABC. Do ginn 26 Sujet traitéiert, flott presentéiert entweder duerch Video, Foto oder flotten Dekoratiounen.



An eben well ech mer d'Ziel gesat hunn, eist Land méi genau ënnert d'Lupp ze huelen, war dat do dach emol eng flott Geleeënheet!

Hei den Video vum Mike-Check:



Lauschtert hei den Reportage:

You need Flash to view this content


E puer Biller vun der Expo ABC









Check hei d'Homepage vum Staater Geschichtsmusée

Super Bowl 2012 - WOW

06.02.2012, 09:22 - Fir d'lescht aktualiséiert: 06.02.2012, 09:41

Et ass gewosst dass den Super Bowl, den sportlechen Highlight vum Joer ass, mee och dei alljährlech ,,Half-Time,, Show gett mat Spannung erwaart.

An desst Joer huet d'NFL sech net lompen gelooss an sech emol einfach d'MADONNA gesechert! An obwuel eist d'MADONNA jo als aalen Showhues bekannt ass huet et an der Pressekonferenz verlauden gelooss, dass et dach awer ganz schein nervös wier, well et kucken jo schliesslech bis zu 800 Mio Leit no! Bon MADONNA keng Panik ass jo alles gudd gaang, an vir dei, dei et verpasst hun oder et nach eng Keier wellen gesin, hei einfach nach eng Keier dei ganz Show! Enjoy!

Adele - neien Bond Title Song?

06.09.2011, 17:13 - Fir d'lescht aktualiséiert: 06.09.2011, 17:52

Wei d'Adele virun kuerzem an engem Interview soot: ech waert desen November an den Studio goen, an en Title Song ophuelen ups lo hun ech schon zevill verroden.
An en plus waerten d'MGM Studios ab November an Indien mam Dreih vum Bond 23 ufaenken.
Hei mol nach eng Keier d'Title Songs vun den leschden Joeren, bis mer mei gewuer gin:

Den Chris CORNELL - You Know My Name:



Den Jack White & Alicia Keys - Another Way To Die



Garbage - The World Is Not Enough

Dallas Green

15.08.2011, 11:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 15.08.2011, 11:44

Eng Solo-Karriere muss net emmer een schlechten Choix sin!

An den Haer Dallas Green ass een gudd Beispill dofir! Den Ex-Sänger an Gitarrist vun ALEXISONFIRE huet sech mol einfach geduecht, huelen mer den Virnumm Dallas wou jo eng Stad ass an den Familjennumm Green, bekanntlech ngFaarw, an schon ass en neien Projet gegrennt:
CITY & COLOUR 
An d'Musek, ass einfach nemmen genial an wonnerschein, an kann ierch nemmen uroden deen Numm ze verhalen, well den Haer Green ass schon vun engen sellegen Zeitungen zum Kenschtler vum Joer ernannt gin.
En neien Album huet den Har och an den Regaler stoen!
Mee lo genug geschwat, geif soen klickt einfach ennen drop an dann heiert der wat ech mengen!!!

Enjoy


«<  1 / 2 / 3 / 4 > »