Gangsta Rapper's Origins
13.05.2013, 11:43 - Fir d'lescht aktualiséiert: 13.05.2013, 12:26
Hat den Jay-Z en Double? Oder eng Zäitmaschinn?

An enger aler Fotoskollektioun ass elo dat heite Bild opgetaucht:

D'Ähnlechkeet ass frappant - an d'Bild wier zu 100% net retouchéiert.
Dat wërft eng Partie Froen op:
Wat mécht den Jay-Z am New York vu 1939?
Wéi ass den Jay-Z an d'Joer 2013 komm?
Huet den Jay-Z eng Zäitmaschinn?
Firwat huet de Mann nieft him e wäissen Hutt op?
Ass den Jay-Z guer net den Jay-Z?
Wat ass mat senger Goldketten geschitt?
Wou ass d'Beyoncé?
Firwat gesäit den Jay-Z nach ëmmer sou jonk aus?
Wat hunn d'Illuminati domat ze dinn?
Wéi gëtt d'Wieder muer?
Froen iwwer Froen...
0 Comments
Comment liesen/oofgin





