Bastille: Bad Blood

04.03.2013, 10:32 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 10:55

Melodiéisen Indiepop aus England

Zwou ausverkaaften Concertstouren, Support Act vun Two Door Cinema Club an dat alles nach virun hirem Debütalbum. Lo huet di englesch Band Bastille dëse laang erwaarten Debütalbum awer virgeluecht: "Bad Blood" nennt e sech a bitt 12  Indie-Pop-Lidder an ee Bonustrack . alles ouni een eenzegen Gittarenakkord.

Musikalesch bewegen sech Bastille tëscht Popmusik, Indie a Folk. Dobäi spillen si mat opwenneg arrangéierten Gesangselementer, déi total am Virdergrond stinn.  Et gi vill A-Cappella-Deeler an all d’Bandmemberen sangen Background. Gittaren fannen bei "Bastille" keng Platz. Dofir suergen Piano, Syntheziser a Geien fir d’Melodien.

Bastille sinn 4 Jongen aus England ronderëm de Londoner Frontmann Dan Smith, deen d‘Band 2010 gegrënnt hat. Hien ass de kreative Kapp vun der Band, a komponéiert d‘Titelen am léifsten doheem a senger Schlofzëmmer. Och de Bandnumm huet mam Dan Smith ze dinn: säi Gebuertsdag fält genee op de franséischen  Nationalfeierdag de 14. Juli, den Optakt vun der franséischer Revolutioun mam Stuerm vun der Bastille.

An den Texter geet et ëm vertrauten Alldagsgeschichten. An der Single "Flaws" geet e zum Beispill drëm dass verschidden Typen openeen treffen an d’Fro wat passéiert, wann selbstsécher an méi schei Mënschen zu deenen den Dan Smith sech selwer zielt zesumme kommen.  

Den Albumcover gesäit aus wéi ee Filmplakat, uewen steet "Bad Steel presents" an drënner "Bad Blood". Et erënnert un een David Lynch-Film an dat ass och keen Zoufall. Vun deem huet sech de Sänger Dan Smith fir de Cover inspiréieren gelooss.

Fazit: Bastille kléngen ee bëssen wéi Alt-J a Mumford & Sons, awer nach eng Spuer méi poppeg. Ween dës Mëschung gären huet,  wäert den Album  "Bad Blood" super fannen.