Rihanna: Online Queen

08.03.2013, 12:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.03.2013, 12:07

De Weltstar vu Barbados ass di meeschtgestreamte Sängerin op Spotify

Am Kader vum Weltfraendag haut huet de Stream-Service Spotify haut eng Lëscht erausginn, mat de meeschtgelauschtertste Sängerinnen. A, weltwäite Ranking ass d’Rihanna d’Nummer 1 – op d’Plazen 2 an 3 kommen d’Britney Spears an d’Taylor Swift. Meeschtgestreamte Lidd di leschte 6 Méint war “Sream & Shout” vum Will.I.Am mam Britney. An extra fir de Weltfraendag huet Spotify eng Playlist mat 101 Lidder online gesat, wou nëmme „female music icons“ drop sinn – vum Beyoncé iwwert d’Björk bis hin zum Barbara Streisand.