Echo: Frei.Wild vun der Lëscht gestrach

08.03.2013, 12:07 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.03.2013, 12:11

No Protester, Ofsoen an Diskussiounen ass d’Band mat rietsen Tendenze net méi nominéiert

© universal-music.de
Di emstridde Rockband Frei.Wild ass no Protester vun der Nominéierungslëscht fir de Musekspräis Echo erofgeholl ginn. Di responsabel Phono-Akademie huet no intensiven Diskussiounen decidéiert, dass den Echo net zur Bühn fir eng Debatt em di politesch Astellung vun enger Band soll ginn. Dowéinst ass di südtiroler Grupp elo vun der Nominéierungslëscht gestrach ginn. Aus Protest géint Frei-Wild hate jo Kraftklub a MIA hir Nominatiounen zréck gezunn. Den Echo gëtt den 21.Mäerz zu Berlin verliehen.