„Strawberry Cuts“ heescht d’Sendung Méindes owes vun 20h bis 22h op Eldoradio.
Hei héiert dir ëmmer déi neiste Saachen am Beräich Alternative Rock, gemëscht mat vereenzelte Klassiker aus den 80er an 90er Joren. Dir kënnt mir och gären eng Musekspropose era schecken. Vläicht leeft Ärt Lidd dann a menger nächster Sendung.  

KLICKT HEIHIN VIR ÄR PROPOSE RANZESCHECKEN
oder schéckt mer einfach eng Email op
christine PUNKT delvaux AT eldoradio PUNKT lu


«<  1 / 2 > »
Jim James

31.01.2013, 15:51

Den Jim James vun My Morning Jacket ass lo solo ënnerwee


Dead Can Dance

15.09.2012, 21:34

Dead Can Dance mellen sech zréck... no 16 Joer Paus, an hiren Comeback-Album verkeeft sech besser wéi all anert Wierk virdrun


Bloc Party: Octopus

13.07.2012, 13:34

4 Joer nom leschten Studioalbum gëtt et lo nees een éischt Liewenszeechen vun Bloc Party. Mëtt August presentéieren si hiren neien Album mam schlichten Titel „Four“ . Virop stellen si schonn mol eng gratis Remix-Versioun vun der éischter Single „Octopus“ als gratis Download an d’Netz.


WhoMadeWho: The Sun

15.06.2012, 15:10

WhoMadeWho kombinéieren an hiren Lidder Pop an Disco - eng Mëschung, déi besonnesch live uerdentlech era geet. Awer och um Album funktionéiert dee Stilmix – dat beweist den däneschen Trio mat sengem aktuelle 5. Album "Brighter". Wéi schonn op den Alben virdrun bleiwen WhoMadeWho hirem ...


Allo Darlin

20.05.2012, 17:03

Di britesch Indie-Pop-Band Allo Darlin’ mat der australescher Frontfra Elizabeth Morris huet scho virun 2 Joer mat hirem 1. Album opmierksam gemaach. Lo sinn si zréck mam Nofolger an der aktueller Singel "Carpicornia".


Citizens!

12.05.2012, 19:16

"Here We Are" –sou heescht den Debütalbum vun der britescher Band Citizens! An dat ass gläichzäiteg och eng Uso. D‘Citizens! sinn lo do a wëllen Opmierksamkeet  . Hir éischt Single heescht  "Reptile" an ass eng Mëschung aus  Elektro-Pop a Rock. Et gëtt een un dne 80er Jore ...


Poliça

04.05.2012, 19:26

Grad mol ee Joer gëtt et di amerikanesch Band Poliça. An där kuerzer Zäit hunn d'Museker et awer fäerdeg bruecht, den Justin Vernon vun der Band Bon Iver total vun sech z'iwwerzeegen mat hirer Mëschung aus Elektro, Pop an R& B. "Lay Your Cards Out" heescht hir éischt Single, an Enn der ...


Spiritualized: Sweet Heart, Sweet Light

20.04.2012, 18:30

Den Jason "Spaceman" Pierce, 46 Joer, probéiert zanter iwwer 20 Joer mat senger Band  Spiritualized an wiesselnder Besetzung, seng Visiounen vun Rock'n'Roll ëmzesetzen: Meeschtens ass et eng Mëschung  aus psychedeleschem Space Rock, Gospel an zockerséissem Pop, deen och mol de Beatles an de ...


Fuck Art, Let's Dance

13.04.2012, 17:01

„Fuck Art, Let’s Dance“ ass ee Bandnumm, dee sech eigentlech all Diskussioun verbitt , an hir Musek mécht dat och gréisstendeels onnéideg.   No 3 EP’en hunn d'Museker lo een 1. Album eraus bruecht a wëllen domat dee grousse Coup landen: Feinen Elektropop fir d’Danzpist, e bëssen am ...


Arcade Fire: Abraham's Daughter

26.03.2012, 15:07

  Di kanadesch Indieband  Arcade Fire hunn no hirem Grammy-gekréinten Album vum leschte Joer lo nees nei Musek eraus bruecht. "Abraham's Daughter" heescht hiert neit Lidd- dat um Soundtrack vum Film "Hunger Games" ze fannen ass . Grad wéi scho bei der Twilight-Filmtrilogie versammelt och dëse

«<  1 / 2 > »